Als Rapporter vum Gesetz zum Staatsbudget 2021 an der pluriannueller Programmatioun fir d’Joren 2020-2024, hunn ech de Projet den Dënschdeg 15. Dezember 2020 an der Chamber presentéiert – e Gesetz wat ons gutt duerch di aktuell Kris bréngt a gläichzäiteg méi staark fir d’Zukunft opstellt.
Zesumme méi staark aus der Kris, ënnert deem Thema hunn ech 50 perséinlech Recommandatiounen gemaach, wéi Lëtzebuerg sech op d’Erausfuerderungen vun der Zukunft besser opstelle kann – dat mat héijen Investissementer an d’Gesondheet an de Klimaschutz, méi sozial Gerechtegkeet, eng nohalteg Transitioun vun der Ekonomie a resistent ëffentlech Finanzen.
Gaaschtbäitrag am Luxemburger Wort (14.11.2020)