Débat d’orientation sur l‘agriculture biologique, 2/7/2019
Ried vum François Benoy, déi gréng (Auteur vum Débat)
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Wa mir haut iwwer d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft schwätzen, dann erkenne mir d’Aarbecht vun der Landwirtschaft un. Wat gëtt et méi Nobeles, ewéi gesond Liewensmëttel ze produzéieren a mat der Natur ze schaffen? D’Landwirtschaft erfëllt e kruziale Rôle an onser Gesellschaft an dowéinst wollt ech op dëser Plaz fir t’éischt emol alle Bauere Merci soen fir hir wäertvoll Aarbecht. A wa mir haut hei an der Chamber iwwer d’Zukunft vun der Landwirtschaft schwätzen, da wëll se ons um Häerz läit.
Gesond Liewensmëttel, déi am Aklang mat der Natur, dem Waasser an dem Buedem produzéiert ginn a wou d’Déieren aartgerecht gehal ginn. Fair Präisser fir dem Bauer seng Produiten a gutt Zukunftsperspektive mat regionalen Ofsatzmäert…
Dat Bild vun der Landwirtschaft entsprécht awer leider net deem, wat mir am Moment zu Lëtzebuerg an och an anere Länner virfannen. Et ass awer onst Ziel fir dohinner ze kommen!
Dofir brauche mir kee neit Konzept ze erfannen, daat ass nämlech d’Biolandwirtschaft. Mee mir musse kucken, de Kader ze schaafen, dass esou vill ewéi méiglech Baueren mat op dee Wee ginn.
De Wee vun der nohalteger Landwirtschaft, de Wee vun enger méi déierefrëndlecher Landwirtschaft, de Wee vun enger méi diversifizéierter Landwirtschaft, de Wee vun enger Landwirtschaft, déi méi no bei der Demande vum Konsument ass, de Wee fir de Baueren erëm méi Zefriddenheet a besser Zukunftschancen ze ginn.
An et ass genau dëse Wee, deen d’Regierung goe well, nämlech fir a Richtung 100% Bio hinzeschaffen a schon am Joer 2025 20% vun onse landwirtschaftleche Flächen ëmgestallt ze hunn.Dat ass ganz ambitiéis, mee ech sinn iwwerzeecht, dass wa mir d’Weichen an dës Richtung stellen, mir ons déi néideg Moyene ginn, zesumme mat allen Akteuren, dass mir dat dann hikréien am Sënn vum Secteur, de Konsumenten an der Ëmwelt.
A genau dofir hunn ech d’Orientéierungsdebatt iwwer d’biologesch Landwirtschaft ugefrot. Fir dass mir ons hei an der Chamber kënnen iwwer méiglech Mesuren austauschen, fir ons héich Ziler ze erreechen, an dass déi Iwwerleeungen kënnen an den neie Bioaktiounsplang, respektiv d’Mesuren déi drun hänken afléissen.Mir gréng begréissen et ausdrécklech, dass de Landwirtschaftsminister net gewaart huet, mee direkt no der Regierungsbildung ugefaangen huet, un dësem Projet ze schaffen. De Romain Schneider huet ons voll Ennerstëtzung!
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Zanter de 1970er Joeren huet de Secteur e radikale Wandel matgemaach, hin zu méi grousse Betriber, mat méi grousse Flächen, méi Maschinnen a méi Béischten. Wann an de 1960er Joeren nach iwwer 10.000 Leit op 9.000 Betrieber geschafft, sou waren et 2015 nach 3.500 Leit op 1.800 Betrieber.
Vun den 130.000 Hektar landwirtschaftlecher Fläch, ginn der am Moment 6.000 biologesch bewirtschaft, waat ronn 4% ausmaachen. Domat leie mir ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt, deen 2016 bei 6,7% louch.
D’Landwirtschaft mécht just 0,3% vun onsem PIB aus, an domat huet se e klengen ekonomeschen Impakt. Dobäi kënnt, dass d’Landwirtschaft fir den duerchschnëttleche Betrib ee Verloschtgeschäft ass, a just vun de Subside lieft.
Ongeféier d’Halschent vun der landwirtschaftlecher Fläch si Wisen a Weeden an déi aner Halschent ass Ackerland, wouvun d’Halschent fir Käre sinn an och e groussen Deel fir d’Fudder vun de Béischten. Et kann een also soen, dass d’lëtzebuerger Landwirtschaft sech virun allem op d’Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert huet, wouvun en Deel och exportéiert gett. Uebst a Geméis gi wéineg zu Lëtzebuerg produzéiert: 2015 waren et inklusiv de Grompere grad emol 3% vun der gesamter landwirtschaftlecher Produktioun.
Déi intensiv Landwirtschaft huet awer och en Impakt op d’Natur an d’Ëmwelt. Duerch d’Remambréierungen an déi méi grouss Maschinne sinn an de leschte Joerzéngte vill Liewensraim am Offeland zerstéiert ginn, wouduerch d‘Biodiversitéit massiv zeréckgoung.
2017 goufen am Agrikultursecteur 0,8 Milliounen Tonnen CO2 ausgestouss, dat si knapp 10% vu de gesamten Emissiounen hei am Land.
An och eise Buedem an onst Waasser leit ënnert de Monokulturen der Düngung an dem Asaz vu Sprëtzmëttel. Ronn 70% vun onsem Waasser si mat Pestiziden belaascht.
Ech well op dëser Plaz nach emol an aller Däitlechkeet soen, dass de Strukturwandel an der Landwirtschaft, mat all senge Konsequenzen eng Suite vun de politischen Entscheedungen aus de leschte Joerzéngten ass. D’Landwirtschaft ass e Secteur deen, wéi ech grad scho sot, duerch d’Subventioune funktionéiert an also goufen d’Baueren duerch politesch Entscheedungen – europäesch a national – an déi falsch Richtung orientéiert.
Dat heescht fir mech awer och, dass et un der Politik ass, fir d’Weichen elo aanscht ze stellen. Endlech aus de Feeler ze léieren, an net emmer erëm d’Problemer nom selweschte Muster unzepaken.Déi selwecht politesch Stréimungen, déi d’Landwirtschaft dohinner bruecht huet, wou se haut steet, wëlle par force un deene Systemer festhalen.
Loosst ons de Baueren eng nei Perspektiv ginn, eng nei Zukunft ginn, fir dass si kënne gutt mat der Natur zesumme schaffen an net géint d’Natur, fir dass si déi Produiten och kënne produzéieren, déi de lokalen a regionale Konsument och hei wëll konsuméieren, an dass si sou net wieder um Weltmarché musse mat Konzerner konkurréieren, mat deene se guer net konkurréiere kënnen, a fir dass d’Betriber net ëmmer musse méi grouss ginn, mee och kleng Betriber ënnerstëtzt ginn. An deem Sënn heescht Zukunft, wéi och d’Rifkin-Strategie an de Koalitiounsaccord et festgehalen hunn, méi biologesch an eng lokal gebonne Landwirtschaft.
De grousse Kader vun der Landwirtschaftspolitik gëtt wuel op europäeschem Niveau gemaach, mee déi national Ëmsetzung gëtt vill Méiglechkeete fir ons a Richtung méi Nohaltegkeet ëmzestellen, a weider Mesuren ze huelen.
Här President,
Dir Dammen an Hären,
An der biologscher Landwirtschaft ass de Gebrauch vu Pestiziden an Dünger vill méi streng reglementéiert, an dofir ass de Bio och besser fir d’Biodiversitéit, d’Grond- a Quellwaasser an de Buedem. Duerch eng manner intensiv Buedembeaarbechtung an Düngung ass se och méi klimafrëndlech.
Eng Etude vun de Fuerschungszentren IBLA a FiBL beleet och fir Lëtzebuerg, dass Bio besser ass fir d’Biodiversitéit. Am Gréngland fënnt een zum Beispill 30% méi Kraider op Bio Fläche wéi op konventionelle Wisen a Weeden.
D‘biologesch Landwirtschaft stéisst souwuel pro Hektar, wéi och pro Tonn Ertrag, manner Zäregaser aus.Dat huet eng rezent Langzäitetude vun der Uni Gießen an dem Fuerschungsinstitut FiBL erausfonnt, déi verschidden Ackerkulture verglach hunn. Biologesch Flächen hu pro Hektar 40% manner Lachgasemissiounen opgewisen, ewéi konventioneller.
Och a Punkto Déierschutz schneit de Bio besser of.Hei ginn et méi streng Virgabe bei de Ställ, der Haltung, dem Fudder a manner Antibiotiken. Wou an der konventionneller Landwirtschaft d’Kéi d’ganzt Joer iwwer kënnen am Stall gehale ginn, muss d’Härdendéier am Bio Auslaf kréien. Och Schwäin hunn am Bio méi Plaz, kréie méi frësch Loft an Auslaf an däerfe maximal zur Halschent op Spalte stoen. A Bio Hénger hunn den Normen no och méi Plaz an Auslaf.
Wëll an der biologescher Landwirtschaft keng chemesch-synthetesch Pestiziden an Antibiotiken agesaat ginn, ass de Bauer de Gëfter och manner ausgesaat an et si manner Réckstänn an de Liewensmettel, wat besser fir d’Gesondheet ass. Duerch den zousätzleche Kontrollsystem ass de Konsument och nach besser geschützt.
Am Bio ass Gentechnik, och bei de Fuddermëttel, verbueden, an et gëtt méi eng grouss Planzendiversitéit.Allgemeng gëtt den Déieren a Planzebau als ganzheetlecht Konzept gesinn, wat buedemgebonne soll funktionéieren, also mat manner Zoukaf vu Kraftfudder zum Beispill, wat jo och en negativen Afloss op d’Bilanzen huet.
Biobetriber sinn och méi diversifiéiert wéi déi konventionell, a bidde méi Nischeproduiten un.Och beim Ackerbau hu si méi Kulturen a Fruchtfolge, wat erëm besser fir d’Buedemfruchtbarkeet an d’Planzegesondheet ass a Biobetriber manner ufälleg mécht fir Schwankungen um Maart.
Op Biobetriber schaffen am Schnëtt duebel esouvill Leit, a se ginn am Duerchschnëtt besser bezuelt. Duerch de Verzicht op Pestiziden, méi mechanesch Onkrautbekämpfung a Fruchtfolgen, souwéi an der Produktioun méi breet opgestallte Betriber ass d’biologesch Landwirtschaft och méi aarbechtsintensiv. Duerch d’Potential an der Produktioun, der Veraarbechtung an der Vermaartung am Beräich Bio kënnen also weider Aarbechtsplatze geschafe ginn.
Eng Woch virum Debat iwwert der Chamber hiren Avis zum drëtten Nohaltegkeetsplang vun der Regierung, deen déi global Nohaltegkeetsziler vun de Vereenten Natiounen op Lëtzebuerg declinéiert, wëll ech hei och de Lien dozou maachen. D’biologesch Landwirtschaft ka masssgeeblech zur Ëmsetzung vun de Substainable Development Goals bäidroen.Mat der biologescher Landwirtschaft kënne bei ronn der Halschent vun de 17 Nohaltegkeetsziler Verbesserunge gemaach ginn.
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Fir d’Konsumente sinn d’Réckstänn vu schiedleche Pestiziden am Iessen eng vun den Haaptsuergen. Zwee Drëttel vun de Leit fannen, dass ze vill Pestiziden an der Landwirtschaft benotzt ginn. 94% fannen d’Roll vun der Agrikultur beim Erhalt vun der Ëmwelt an der Landschaft wichteg.Dat huet eng Ëmfro, déi 2018 am Optrag vum Landwirtschaftsministère gemaach gouf erginn. Am Biolandbau däerfe wéi gesoot keng chemesch-synthetesch Pestizide benotzt ginn, si kënnt also dëser Demande no.
D’Konsumenten zu Lëtzebuerg hätte gär méi biologesch Produiten um Marché. Mat engem pro Kapp Konsum vun 188 € d’Joer vu Bioproduite si mir op véierter Plaz an Europa. Europawäit hu sech d’Ausgabe fir de Bio iwwregens vun 2010 bis 2016 vervéierfacht. An der selwechter Ëmfro vum Landwirtschaftsministère hunn d’lescht Joer 52% vun de Befrote gesot, dass Bio ee Critère beim Akaf ass.D’Leit wëllen also Bio a sinn och bereet méi dofir auszeginn, grad esou ewéi se vum Staat erwarden, dass de Bio méi ënnerstetzt gëtt, ënner anerem duerch méi biologesch Produiten an de Kantinnen, wéi och an verschiddenen TNS-Ilres-Etude confirméiert gouf.
Leider gëtt de Bedarf hei am Land awer wäit net aus eenheemescher Produktioun gedeckt. Et ass also nach enormt Potential do, wat mir duerch eng weider Diversifizéierung vun der Produktioun, méi Veraarbechtungsbetriber, besser Liewensmëttelketten a Vermaartung kënnen ausnotzen.
D’Demande no Bioproduiten hei am Land ass do a souguer héich. Amplaz dass mir nokucken, wéi déi Produiten importéiert ginn, solle mir ons Landwirtschaft esou opstellen an hir den néidege Support ginn, dass mir e Maximum u Bioproduiten hei produzéiere an ofsetze kennen.
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Als Liewensmëttelproduzenten hunn d’Baueren e ganz wichtege Beruff mat enger grousser Verantwortung. Dat gëtt iwwregens och unerkannt. An Däitschland zum Beispill ass enger Ëmfro vun 2017 no nom Dokter de Bauer den zweetwichtegste Beruff an den Aen vun der Bevölkerung. Duerno kënnt de Polizist an den Enseignant.
D’Baueren zu Lëtzebuerg hunn iwwregens och Freed un hirer Aarbecht, wéi eng Etude beleet, och wa se sech nach méi Wäertschätzung vun der Gesellschaft géife wënschen. Aus där Etude geet iwwregens och ervir, dass d’Biobauere méi zefridde sinn, ewéi hir konventionell Kollegen.
Och wa fir d’Halschend vun de Baueren am Moment keng Ëmstellung op Bio a Fro kënnt, wéi eng Ëmfro erginn huet, sou kann een awer festhalen, dass déi aner Halschend dem Bio géigentiwwer opgeschlossen ass. Bei de Wënzer sinn et der iwwregens méi. Bei de Bauere ginn et also genuch Leit déi oppe si fir mat op de Wee ze goen, mee elo heescht et d’Rahmenbedingunge schafe fir dass d’Ëmstellen op Bio gutt funktionéiert a sech och lount – wëll nëmmen da ginn d’Bauere mat op de Wee vum Bio.
Ëmmer rëm héiert ee Stëmmen, déi amplaz op de Bio, méi op déi sougenannten integréiert Landwirtschaft géife setzen. Den integréierte Landbau ass eng konventionell Landwirtschaft, déi probéiert manner Pestiziden oder Herbiziden anzesetzen. Wat manner Pestiziden agesat ginn, wat besser, an dofir ass et natierlech wichteg, dass och all konventionelle Bauer manner oder keng Pestiziden notzt a sou man ewéi méiglech düngt. Dat ass jo och souwisou a sengem eegenen Interessi, an et gi jo och eng sëllege Primmen, déi ee méi nohaltegt Schaffen ënnersetzten. Den integréierte Landbau ass awer kee geschützt, kontrolléiert an eenheetlecht Konzept, mee gëtt vu jidderengem anescht ausgeluecht a kann dofir och zu „Greenwashing“ féieren. Fir déi biologesch Landwirtschaft ginn et par contre minimal europäesch Kritäre fir d’Produzenten an d’Veraarbechter, an déi unerkannte Kontrolleuren iwwerpréiwen opmannst eemol d’Joer, dass am Bio net just Bio drop steet, mee och dran ass.
Den ökologesche Landbau ass net just eng gutt Praxis vun der konventioneller Landwirtschaft, mee eng modern, ëmweltfrëndlech a virun allem ganzheetlech Aproche vun der Landwirtschaft, déi wéi gesoot kloer Virdeeler huet. Et ass den Zukunftsmodell dee mir ons als Lëtzebuerg ginn hu mam éischten Etappenziel vun 2025, daat heescht a sechs Joer, wou mir 20% vun onser landwirtschafter Fläch esou bewirtschafte wëllen.
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Ech soe ganz däitlech, „let’s make it happen“! Nodeems mir zu Lëtzebuerg e stolze Virreider wëlle sinn an der Kreeslaafwirtschaft, beim Multilinguismus an der Integratioun, bei der Kannerbetreiung a bei der Green Finance solle mir ons elo och d’Moyene gi fir onser Landwirtschaft, an all de Secteuren déi drun hänken, e Leitmotiv ze ginn an an der éischer Liga matzespille mat Éisträich, wat 24% Bio huet, Estland mat 21% Bio, Schweden mat 19%, Italien, Lettland a Schwäiz mat 15%…
A fir all déi, déi ëmmer nach mengen, Bio wier eng gréng Ideologie an deenen d’Argumenter net duer ginn, deene wëll ech soen, dass dee Politiker, deen an Éisträich aus de selwechte rationale Grënn déi ech grad genannt hunn, d’Weichen a Richtung Bio gestallt huet de Franz Fischler war. E konservative Landwirtschaftsminister, spéideren europäesche Kommissär fir Landwirtschaft, huet dat net aus ideologesche Grënn gemaach, mee wëll et op der Hand louch.
Firwat huet de Franz Fischler op Bio gesaat, gouf hien an engem Interview gefrot. Ech zitéieren:
„Erstens fand ich, man muss den Biologischen Landbau entideologisieren. Da geht es ja nicht um ein Glaubensbekenntnis, sondern eine Möglichkeit, wie man Landwirtschaft betreiben kann – eine besonders unterstützenswerte Landwirtschaft. Und zweitens sah ich das Riesenpotenzial. Daher habe ich auch die finanziellen Bedingungen dafür deutlich verbessert.“
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Mir hunn zu Lëtzebuerg wéi gesot eng gutt Ausgangslag fir de Bio auszebauen: eng Gesellschaft déi vun ons méi Schutz vun der Ëmwelt verlaangt mat Konsumenten déi méi Bio wëllen, Baueren déi bereet sinn op Innovatioun ze setzen, an en ambitiéist politescht Zil. Firwaat solle mir hei zu Lëtzebuerg net och daat hikréien, waat aanerer kennen?
Mir musse just zesummen an entschlossen dru schaffen, a fortkomme vum Géisskaneprinzip hin zu enger méi gezilter Förderung: méi Förderung fir de Bio, méi Bioberoder, méi Vermaartungsförderung, méi Bio an der Ausbildung, méi Bio an de Kantinnen an esou weider…
An dofir brauche mir en neie Bioaktiounsplang fir Lëtzebuerg, deen substanziell méi wäit geet ewéi säi Virgänger, mat deem mir net esou weider komm sinn, ewéi mir ons et virgeholl haten. Mir brauchen een Aktiounsplang, deen op der Héicht ass vun den ambitiéisen Zieler, déi mir ons gesaat hunn.
Mir brauchen e Bilan vum alen Aktiounsplang a mer sollten eis d’Fro stellen, firwat deen net richteg gegraff huet an dorausser d’Léieren zéie fir et bei dësem Ulaf besser ze maachen. Am Aktiounsplang sollen déi verschidden Ziler mat hiren Aktiounen a Moyene präziséiert an un e kloeren Zäitplang gekoppelt ginn.
Et muss paralell dru geschafft gi fir éischtens d’Biolandwirtschaft um Terrain ze entwéckelen; zweetens muss och de Secteur vun der Agroalimentatioun an der Distributioun mat an d’Boot geholl ginn; an net ze vergiessen och de Konsument.
En eegestännegt Departement fir de Biolandbau mat Personal a Budget, déi breet opgestallt sinn an als Team transversal mat alle wichtege Verwaltungen an Akteuren um Terrain zesummenzeschaffe gëtt gebraucht. An esou een Team gehéieren och net nemmen Agronomen, mee eben och Leit vum Commerce, der Distributioun, an der Kommunikatioun.
Déi beschtméiglech Berodung fir d’Ëmstellung an doriwwer eraus vu Fachleit déi d’Aarbechtsmethodem am Biolandbau aus dem FF kennen, dat ganzt begleet vun innovative Fuerschungsprojeten a Monitoring.
Vill Potential läit awer och an der Diversifizéierung vun der Landwirtschaft. Mir hunn onst Standbeen am Moment virun allem op Mëllech a Fleesch opgebaut, wou mir zum Deel Fudder importéieren, fir da rëm Mëllech a Fleesch ze exportéieren. Eis Nährstoffbilanz ass doduerch net gutt, ons Biedem an d’Grondwaasser belaascht. Amplaz Turbokéi a Quantitéit, méi op Qualitéit an Diversifizéierung setzen.
De Konsument, virun allem de Biokonsument, freet och manner Fleesch a Mëllech, dofir awer och méi Geméis an Uebst, wou et nach Potential gëtt. Natierlech geet daat net iwwerall am Land, mee d’Potential sollt do genotzt ginn wou et machtbar ass.
Gläichzäiteg muss de Bio besser um Marché positionéiert ginn, andeems d’Vermaartung gefördert gëtt fir dass méi Ofsazmäert fonnt ginn. Bio muss ëmmer méi d’Regel ginn, an net d’Ausnam, an do mussen och de Commerce, de Staat an d’Gemengen hir Verantwortung iwwerhuelen, zum Beispill an de Kantinnen.
Bei der Begehung vun de Versuchsfelder vun der Ackerbauschoul krute mir virun zwou Wochen exemplaresch gewisen, wéi ee lokaalt a biologescht Feldgeméis mécht. Et brauch ee Wëssen, et muss ee standuertgerecht schaffen an et brauch een e lokalen Ofsazmaart.
Op de Versuchsfelder goufen dräi verschidden Techniken presentéiert fir Ënnen ze produzéieren. Setzënnen, geséiten Ënnen an Ënnen, déi als Jongplanze geplanzt ginn. D’Setzënnen hunn e Virsprong a sinn doduercher ab Mee als Bond- oder Fréijoerszwiwwelen fäerdeg. Ab Enn Juli, respektiv August, kënnen d’Setzënnen als Dréschenënne rekoltéiert ginn a kuerz duerno och déi geséiten an geplanzten Ënnen. Si loosse sech lageren, sou dass de ganze Wanter duerch Ënnen zum Verkaf stinn. Ab Mee sinn da rëm déi éischt frësch Fréijoerszwiwwelen prett. Sou dass een duerch verschidde Kulturtechniken bei den Ënnen eng ganzjäreg Versuergung hikritt. Och bei der Äerdbierskultur gouf gewisen, wéi een déi kuerz Saison duerch Zorten, déi nach eng zweete Kéier am Joer bléien, verlängere kann – fir just e weidert Beispill ze nennen. D’Schoul liwwert d’Wuer dann u Kantinne vu Lycéeën an der Nordstad an an d’Hotelsschoul zu Dikrech. D’Schüler haten e gutt Wëssen iwwert d’Kultur an d’Onkraut an d’Techniken vum mechaneschen Onkrautmanagement, dem Mulchen an de Fruchtfolgen, déi am Bio natierlech immens wichteg sinn.
Och wann een natierlech kee Bioaktiounsplang aus engem anere Land oder enger Regioun einfach op Lëtzebuerg kann iwwerdroen, sou kënne mir awer vun deenen Erfarungen profitéieren.
Beim Bioaktiounsplang an Dänemark hu virun allem déi ëffentlech Kantinnen eng wichteg Rôle gespillt, fir den néidege Ofsazmaart ze schafen. Zil ware 60% Bio an de Kantinne bis 2020. Weider Aktioune ware Berodung, d’Weiderbrénge vum Bio an den Aarbechtsmethoden a Recherche. 19 Milliounen Euro d’Joer goufen an den Aktiounsplang gestach. Op d’Gréisst an d’Unzuel u Betriber zu Lëtzebuerg gerechent, misste mer an eisem Aktiounsplang iwwer 1 Millioun Euro d’Joer investéieren. Als Verglach: den ale Lëtzebuerger Bioaktiounsplang hat e Budget vun 72.000 € fir d’Joer 2016. Dänemark huet sech säi Bioaktiounsplang also iwwer 10 Mol méi kaschte gelooss.
Den Erfolleg huet sech an Dänemark weise gelooss. Zanter der Adoptioun vum Bioaktiounsplang am Joer 2011 ass d’Biofläch ëm 57% an d’Luucht gaang, an de Verkaf vu Produiten huet sech verduebelt. D’Notze vu Bioproduiten a Kantinnen ass ëm 170% an d’Luucht gaang, an 30 Gemengen hu sech zum Zil gesat ganz op Bio ëmzeklammen.
An der Regioun Mühlviertel an Éisträich si mëttlerweil 30% vun der landwirtschaftlecher Fläch Bio. Déi ganz Regioun nennt sech „BioRegion“ an all d’Akteuren schaffen zesummen am Netzwierk un hirer Visioun vun der Nohaltegkeet. Iwwert d’Halschend vun de Baueren, Veraarbechtungsbetriber, Gastronomie an Hotellerie schaffe mat dorunner, wat zu engem richtege Wertschöpfungskreeslaf am Bioberäich féiert an d’regional Entwécklung nohalteg stäerkt.
Onse Noper d’Wallonie huet zanter 2012 een Aktiounsplang Bio. Zanterdeems ass d’Zuel vun de Biohäff kontinuéierlech gewuess a si si mettlerweil op 11% biologescher Fläch. Och si setzen op vill verschidde Mossnamen: Bäihëllefen, Förderung bei der Veraarbechtung a Vermaartung, Investitiounen a Fuerschung a Léier…
E wichtegen Hiewel fir beim Bio eppes ze erreeche, sinn awer och d’Primmen. Et muss sech lounen fir Bio ze maachen an d’Plus-value fir Déierewuel, Klimaschutz, Waasserschutz, Biodiversitéit a Buedemschutz musse sech an der Héicht vun der Primm erëmspiggelen.
De Gros vun de Subside gëtt jo am Moment ondifferenzéiert op d’Fläch verginn, also nom Géisskaneprinzip, waat enger gezilter Förderung net no kënnt. D’Steiergelder ginn also net genotzt fir eng selektiv Politik ze maachen, vun där dacks hei geschwaat gett – wann och vläicht éischter an anere Beräicher.
Et muss gekuckt ginn, dass d’Bioprimm méi attraktiv ass, deemno erhéijt an ausgebaut gett.
An deem Kontext mussen och all déi vill verschidde landwirtschaftlech Primmen, also Flächen- an och Ëmweltprimmen, zesummen analyséiert a gekuckt ginn, dass et sech och wierklech lount fir op de Bio ëmzeklammen.
Da kéint een och d’Ëmstellungsprimm op Bio verlängeren: am Moment sinn dat zu Lëtzebuerg dräi Joer. A Frankräich sinn et fënnef Joer, wat dem Bauer méi Zäit gëtt fir sech un déi nei Aart a Weis ze schaffen ze gewinnen.
Genee sou sollt een d’Investitiounsbäihëllefe besser un de Bio upassen: méi Hëllef fir d’Neibauten oder Moderniséierung vu Stall a fir Maschinnen fir di mechanesch Onkrautbekämpfung.
Och d’Aarbechtskraft, op déi een am Bio méi ugewisen ass, kann ee besser ënnersetzen.
Här President,
Dir Dammen an Hären,
Ech kommen zum Schluss.
Grad ewéi och an aanere Secteuren, hu mir et an der Landwirtschaft mat enger ganzer Rei Erausfuerderungen ze dinn, déi ech Ierch beschriwwen hunn. Einfach weider maachen ewéi bis elo ass keng Optioun fir d’Zukunft.
D’Biolandwirtschaft ass genau dat Leitbild wat mir brauche fir d’Erausfuerderungen unzegoen an ons opzestelle fir d’Zukunft. Et ass och machbar, wéi aner Regiounen a Länner ons et virmaachen. D’Ziler goufen am Koalitiounsaccord gesaat. Elo heescht et de politesche Kader schaafen a mam Secteur, an all deenen di drun hänken, de Projet unzegoen.
Transitioun op eng zukunftsfäheg Landwirtschaft ass méiglech. Mir brauche just de Wëlle fir et zur Realitéit ze maachen. 20% Bio bis 2025 an 100% am Joer 2050 ass a jidderengem sengem Interessi: am Interessi vum Bauer, am Interessi vum Konsument, am Interessi vum Handel, am Interessi vun den Déieren, am Interessi vun der Natur an am Interessi vu Lëtzebuerg.
Dofir kommt mer maachen dat elo!
Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.