Fir eng ambitiéis a konkret Politik amplaz just Schlagwierder
Ried vum François Benoy, grénge Gemengerot, zum Stater Budget 2024 vun der DP/CSV-Majoritéit, den 8. Dezember 2023.
Mir diskutéieren Haut iwwer den éischte Budget an der neier Legislaturperiode, mee mir erkenne kee « neie Budget » fir ons Stad, quasi keng nei Prioritéiten déi gesat goufen, mee eng Weiderféierung vun deem, wat di läscht Jore gelaf ass.
Dat confirméiert also och, wat ech zur Schäfferotserklärung hei am Gemengerot am Juli scho gesot hunn: Nei un Ärer Politik ass just, dass Dir Theme wéi d’Beréngung vun der Stad, d’Ëmgestaltung vun de Plazen, d’Verkéiersberouegungen oder eng generéis Sozialpolitik elo als Schlagwierder notzt; mee wann ee méi genau kuckt wat Dir an der Schäfferotserklärung stoen hutt oder eben net, an elo och an dem Budget fir d’nächst Joer virgesinn ass, oder eben net, dann ass et e weiderféiere vun der aktueller Politik, ma et feelen d’Moyen’en – politesch virop, strategesch, technesch an och finanziell – fir d’Stad wierklech op d’Héicht vun der Zäit opzestellen. Dat gouf di läscht Joren net anstänneg gemaach, a mir gesinn och net wéi et déi nächst Jore géif gemaach ginn…
Wéi scho bei der Schäfferotserklärung, versprécht DP/CSV-Majoritéit beim Budget de Bierger vun der Stad « dat Blot vum Himmel », mee wann een awer méi genau kuckt, da gesäit een dass et zimmlech vill « waarm Loft » ass … a ganz wéineg Konkretes.
Sou wéi mir dat als gréng di läscht Jore gemaach hunn, wäerte mir jiddwerfalls och di nächste Jore weider eng ganz konstruktiv a fair Oppositiounspolitik maachen an dem Gemengerot genau déi ganz konkret Propositioune maachen, déi et brauch fir ons Stad wierklech op Zukunft opzestellen an esou d’Liewensqualitéit Haut a Muer ze verbesseren. Elleng zanter September hu mir 7 konkret Motiounen deposéiert: fir d’Liewensqualitéit am Garer Quartier ze verbesseren, fir ons Reglementer “fit” ze maachen an Zäite vu Klima- a Biodiversitéitskris, fir anstänneg Verkéiersberouegungen an onse Quartieren, fir eng besser Vëlosinfrastruktur, asw. Dobäi hu mir Iech mat 7 Froen notamment zu effizienter Ressourcennotzung, dem Mobilitéitsplang, Schoultrajeten a Schoulhäff interpelléiert. Mir erwaarden ons awer och am Ëmgang mat der Oppositioun Fairness an dozou gehéiert, dass een och d’Propositioune vun der Oppositioun am Gemengerot eescht hellt, dass mir kennen eng richteg Diskussioun driwwer féieren, zesummen e Konsens fannen an dir se net einfach ëmmer rejetéiert, wéi dir et als Majoritéit bis elo an dëser neier Legislaturperiode konsequent gemaach hutt.
Sech opstellen fir eng proaktiv Logementspolitik
Ech sot dëse Budget wär vrun allem markéiert duerch de Status quo. Mir gesinn awer dass am Logement de Schäfferot elo ugekënnegt huet, méi wëllen z’investéieren. Do kann ee just soen: endlech! Dir hutt dofir och ons voll Ënnerstëtzung, wann d’Wunnengen déi geschaaft ginn och fir déi nächst Generatiounen disponibel bleiwen, also prioritär an d’Locatioun ginn.
Mee, et geet awer net just duer d’Budgetsposten ze erhéijen, well mir wëssen dass de Budget an dat wat tatsächlech realiséiert gëtt, zwee puer Schong sinn, ma d’Gemeng muss sech och d’Moyene gi fir dat wierklech ze realiséieren an duerno och eng gutt Gestioun ze assuréieren. Ausser enger grousser Ukënnegung vu méi finanzielle Moyenen huet d’Gemeng awer bis elo keng méi global Strategie virgestallt. Schonn an den Diskussiounen ëm de Pacte Logement 2.0 wollt Dir Iech éischter vun der Aarbecht drécken, ewéi d’Gemeng proaktiv esou opzestellen, dass se och wierklech voll un de neien Instrumenter profitéiert. Mir hoffen dann, dass sech dat elo ännert.
An och wann de Logementsproblem di breet Gesellschaft zu Lëtzebuerg trëfft geet et an onsen Aen net fir di Allerschwächst an der Gesellschaft ze vernoléissegen. An der Stad liewen iwwer 200 Leit op der Strooss, mee mir hunn op onsem Territoire just Housing first Wunnengen fir 30 Leit, wéi de Familljeminister mir kierzlech op eng Question parlementaire geäntwert huet. Och an deem Beräich brauche mir dringend eng Investissiounsoffensiv vun der Gemeng fir des Better ze verzéngfachen.
Fir e lokale Preventiouns- a Sécherheetsplang
An deem Kontext, wou Sozial- a Sécherheetspolitik sech begéinen, well ech op de leschte Gemengerot zeréckkommen an zwou Aussoen ënnersträichen, nämlech wéi den Här Philippart d’Wëssenschaftlechkeet ënnersträicht a wéi d’Madamm Bartolini de Sécherheetsprobleem an der Stad opgeworf huet.
Wëssenschaftlechkeet, well all d’Experten ons soen dass mir den Drogen, a deels den Sécherheetsproblem an der Stad just och mat enger präventiver Politik an de Grëff kréie wäerten, dat heescht e nationalen a lokalen Ausbau an eng Dezentraliséierung vun den Drogenhëllefsstrukturen – leider steet dat awer weder lokal, nach national am Koalitiounsaccord vun DP an CSV! Soll also hei alles weidergoe wéi bis elo, mat de bekannte Resultater? Mir fuerderen e kommunale Präventiounsprogramm, grad ewéi e lokale Sécherheetsplang fir dass d’Aarbecht vun allen Acteuren optimal geleescht ka ginn an anenee gräift, grad ewéi dass d’Agents municipaux endlech och an der Stad zousätzlech Kompetenze kréien! An natierlech muss och d’Police weider gestäerkt ginn. Ma d’Stad Lëtzebuerg muss endlech all d’Moyenen notzen déi se huet!
Quartieren a Schoule fir d’Stärkung vun all ons Kanner
Et geet och net just duer am Koalitiounsaccord eng gutt Zesummenaarbecht mat zwou internationale Grondschoulen ze ënnersträichen an elo awer rëm eng Ganzdagsschoul wëllen ze maachen, nodeems een an der leschter Legislaturperiode dee Projet op der Gare einfach fale gelooss huet. Crèchen, Foyers scolairen, Schoulen – Neibauprojeten ginn der vill genannt. Mee wou bleift de Plang fir de Rekrutement, zemools vum edukative Personal, wou Iwwerfuerderung an Onzefriddenheet ëmmer méi däitlech ginn? A nee, mir kennen net acceptéieren, dass et Ënnerscheeder an der Schoul an an der Betreiung vun onse Kanner tëscht de Stater Quartiere gëtt an ëmmer méi Elteren der Gemengeschoul de Réck dréien. Mir brauche Standarden an Offeren a Punkto schoulesch an ausserschoulesch Betreiung, Elterenaarbecht… déi iwwerall garantéiert sinn – genau dat ze assuréiere läit nämlech an der Kompetenz vun der Gemeng!
Dozou gehéiert och, dass d’Schoulhäff keng Betonswüste si mat e puer traurege Spiller, mee qualitativen héichwäerteg Gréngflächen, wou d’Kanner an di Jonk sech de ganzen Dag iwwer an zu all Joreszäit gär ophalen, spillen a gefuerdert sinn. Dozou gehéiert och dass d’Kanner sécher ze fouss oder mam Vëlo an d’Schoul kommen. Dee grousszügeg finanzéierte Pedibus an dräi Quartiere kann net déi néideg Sécherung vum Schoulwee ersetzen. D’Realitéit an der Stad ass awer, dass weder ons Schoulhäff nach den Amenagement ronderëm d’Schoule sécher, gréng an uspriechend sinn. Do wou dëse Schäfferot an de leschte Joren eppes gemaach huet, war et e Réckschrëtt, z.B. bei der Gellé-Schoul wou Gréngfläche verschwonne sinn, respektiv de neien Amenagement de Numm Verkéiersberouegung net verdéngt, wéi zu Märel an Zéisseng.
Konsekuent Begréngung, douce Mobilitéit an Tram
En anert ganz wichtegt Thema wat mëttlerweil glécklecherweis och bei dëser Majoritéit, wann och leider just am Discours ukomm ass, ass Klimaadaptatioun (och rëm e Méindeg beim kuerzzäitege Finanzschäffe Maurice Bauer), also dass mir méi preventiv Mesuren huele fir ons dem Klimawandel unzepassen. Onofhängeg dovun, dass Dir de Klimaschutz als absolut Prioritéit vergiesst, deen een awer op kee Fall vernoléissegen däerf, gesi mir net dass dëser Urgence géif déi Prioritéit an Ambitioun zougesprach ginn, déi se misst. Dat gesäit een am beschten um Naturpakt, wou d’Stad Lëtzebuerg mol nach net zertifiéiert ass an um Klimapakt wou d’Stad am nationale Verglach just Mëttelmooss ass. Vun engem richtege Klimaadaptatiounsplang mat konkreten Zieler an enger Strategie, wéi z.B. Paräis dee scho laang huet, guer net ze schwätzen – mee Lëtzebuerg ass jo bekanntlech net Paräis mee eng Festungsstad, wéi d’Buergermeeschtesch gär betount…
Och Äre Mobilitéitsplang bleift weider eng Virwelztuut a wa mir constatéieren dass d’Schäfferotserklärung just Allgemenges festhält an an den éischte Méint vun d-er Al-Neier Majoritéit keng, awer wierklech keng eenzeg nei Initiativen a Punkto douce Mobilitéit an ëffentlechen Transport geholl gouf, dann hu mir wierklech kee Vertrauen.
A wa mir da souguer nach feststellen, dass och am nationale Koalitiounsaccord ausser enger allgemenger Ausso zum Tram keng Prezisioune méi kommen, da gëtt et ons wierklech Baang! Den Tram huet d’Stad positiv verännert – mee de Projet ass nach laang net ofgeschloss. Bis 2035 wäerte mir 40% méi Beweegungen hunn a wa mir net konsequent op d’Extensioune vum Tram wéi se am Nationale Mobilitéitsplang virgesinn si setzen, da geet et zeréck an de Verkéierschaos, dee mir virdrun haten. Erënnert Dir Iech nach un déi Zäite wou d’Bussen an der Rei stoungen an der Neier Avenue? Wou näischt virugaangen ass an der Stad? Den aktuelle Succès vum Tram ass, dass en en héijen Takt um ganze Reseau huet, dass e viabel ass, an dass dovu profitéiert gouf fir den urbane Raum mat Beréngung, Vëlo a Begéinung mat ëmgeännert an dat funktionéiert just bei konsequenter Ëmsetzung. Ma d’Aussoe vun DP/CSV gi justement den Uschäin, ewéi wa mir dorunner missten zweiwelen – mee mir loossen eis gäre vum Géigendeel iwwerraschen.
Eng proaktiv Biergerbedeelegung fir eng multikulturell Stad
Bei de Walen am Juni hunn hei an der Stad 35.000 Biergerinnen a Bierger matgemaach , vun den 133.000 Awunner – dat ass also just 1 vu 4! Ech well nach emol ënnersträichen, dass de Gemengerot awer gehalen ass d’Politik fir all d’Awunner an der Stad ze maachen a net just fir déi Minoritéit, déi gewielt huet. Egal wéi steet et ëm d’Legitimitéit vum Gemengerot an der Stad wierklech net zum beschten an dofir ass Biergerbedeelegung grad an enger Stad ewéi Lëtzebuerg immens wichteg. Och wa mir als gréng éischter a Richtung vu permanente Quartierscomitéen, engem Quartierscoordinateur, engem Bierger- a Kanner/Jugendrot an engem Biergerbedeelegungsbeoptraagten gaange wären, sou ënnerstëtze mir Är Idee fir d’nächst Joer an d’Quartieren ze goen. Wichteg ass awer dass daat keng Alibiversammlungen sinn, wéi et zum Beispill och bei der Bedeelegung fir d’Ëmgestaltung vun der Sauerwiss zu Gaasperech, wou d’Leit zanter iwwer engem Joer naischt méi héieren hunn, mee vu professionelle Biergerbedeelegungsexperte geleet ginn an och séier Suitten doraus gezu ginn. Soss ass et kontraproduktiv an d’Politik verléiert weider u Kredibilitéit, wat mir ons an dësen Zäite wierklech net leeschte kennen. Mir erwaarten ons och méi Engagement vun der Stad fir hir Bierger ze encouragéieren sech bei den Europawalen anzeschreiwen, ewéi hinne just e formelle Bréif ze schreiwen.
Et géif der Stad awer och gutt zu Gesiicht stoen, wa méi Leit de Gemengerot kéinte suivéieren. Dofir fuerdere mir op neits, dass de Livestream an Zukunft och op Franséisch an Englesch iwwerdroe gëtt, de Rapport analytique och op Englesch an all d’Resuméen online gesat ginn. An deem Sënn deposéieren ech heifir eng Motioun. A wann een Transparenz net just als Schlagwuert benotzt, da sollt een och d’Kommissiounsrapporten, déi eng wichteg Preparatioun op Gemengerotsdecisiounen sinn, verëffentlechen. Dofir hu mir an engem vun de leschte Gemengeréit schonn eng Motioun deposéiert. Mir fuerderen näischt anescht ewéi d’Applizéiere vum Gemengereglement an d’Ëmsetze vun der Motioun, déi de Gemengerot unanime den 13/12/2019 gestemmt huet.
Eng ambitiéis a konkret Politik amplaz just Schlagwierder
Ons schockéiert den Defizit am Budget fir d’nächst Joer net, bei de ville Reserven déi d’Stad huet an och bei der alljärlecher Diskrepanz tëscht deem wat budgetiséiert an deem wat tatsächlech realiséiert gëtt.
Wat ons gréng awer grondleeënd stéiert ass, dass am Budget, wéi schonn an ärer Schäfferotserklärung just Schlagwierder benotzt ginn, ouni déi awer mat konkreter Politik, déi d’Stad weiderbréngt an d’Liewensqualitéit vu senge Bierger och an de nächste Jore verbessert, ze fëllen. Et feelt u konkreten Ideeen , u politeschem Wëllen, Aktiounspläng mat klore Moyenen an Zieler an d’Servicer ginn net esou opgestallt fir dat ëmzesetzen.
Wann ee just Budget fir méi Logement virgesäit ouni d’Stad entspriechend opzestellen fir dat ëmzesetzen an duerno ze verwalten, wann ee just vun engem Mobilitéitsplang schwätzt ouni d’Kaz aus dem Sak ze loossen an seng Prioritéiten ze nennen, wann ee jorelaang léiwer eng kommunal Police versprécht amplaz konkret um Terrain d’Drogenhëllefsstrukturen ze stäerken an d’Gemengenagenten op den Terrain ze schécken, wann ee léiwer vereenzelt Pilotprojete mécht amplaz an der Schoulpolitik seng Instrumenter ze notze fir dass och wierklech all Stater Kannt vun enger besserer Schoul a Betreiung profitéiert – da versprécht een de Bierger “dat Blot vum Himmel, mee et mécht ee just waarm Loft” an sou eng Politik kenne mir als Gréng net ënnerstëtzen.
Zu Schluss well ech all de Servicer a Mataarbechter vun der Stad villmools Merci soe fir hiren alldeeglechen Asaz fir ons Stad. Am Kontext vum Budget an dem Gemengerot, virop dem Finanzservice an dem Generalsekretariat. Natierlech och de Merci dee Robert Philippart, deen en deskriptive Rapport virgeluecht huet.
Merci fir d’Nolauschteren.