D’Natur steet zu Lëtzebuerg ënnert enormem Drock. Et ass e Problem, dee mir mussen ugoen, well d‘Ekosystemer, wéi d’Waasser an de Buedem, leeschten net nëmmen onbezuelbar ekosystemesch Servicer fir eis Gesellschaft, mee si sinn och d’Fundament vun eiser Liewensmëttelproduktioun.
De laangfristege Schutz an d’Restauratioun vun dësen iwwerliewenswichtegen Ekosystemer ass eent vun den Haaptziler vum Naturschutzgesetz vun 2018. Andeems mer d’Natur schützen, schütze mer och de Buedem, deen d’Landwirtschaft brauch fir qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel ze produzéieren. E gesonde Buedem ass nämlech och e méi regeneratiounsfäegen a méi fruchtbare Buedem.
Och d’Lëtzebuerger Landwirtschaft steet viru villen Erausfuerderungen, notamment wéinst dem Facteur vum Terrain: d’landwirtschaftlech Fläch ass limitéiert, an d’Präisser vun dësen Terraine kënne staark vu Spekulatioun beaflosst ginn.
Grad aus dësem Grond ass et wichteg, dass d’Naturschutzgesetz kloer Reegele festleet, wat an der Gréngzon dierf geschéien. D’Gréngzon ass eng sougenannten « zone destinée à rester libre », an am Gesetz gëtt ganz streng encadréiert wien hei dierf bauen, an zu wéi engem Zweck. D‘Naturschutzgesetz accordéiert der Landwirtschaft op dësem Punkt eng privilegiéiert Positioun: et sinn an éischter Linn d’professionell Baueren, déi an der Gréngzon Gebaier dierfen opriichten, fir hiren Aktivitéiten nozegoen, respektiv och fir dran ze wunnen. Doduercher, dass d’Naturschutzgesetz dës fundamental Fro reegelt, gëtt den Drock op den Terrainen an der Gréngzon reduzéiert, an also och op d’landwirtschaftlech Fläch.
Den 19. Januar 2022 hu mir an der Chamber Ännerungen um Naturschutzgesetz gestëmmt: no éischten Erfarungen huet et sech nämlech erwisen, dass dat néideg wier fir d’praktesch Ëmsetzung vum Gesetz ze verbesseren. Mat den Ännerungen hu mir den Naturschutz weider gestäerkt an administrativ Hürden ofgebaut.
Mir hunn och d’Chance ergraff fir Ännerungen am Sënn vun de Baueren ëmzesetzen. Persounen, déi net haaptberufflech aktiv sinn, kréien elo ënnert verschiddene Konditiounen d’Méiglechkeet, e klengt Gebai an der Gréngzon fir hir Aktivitéiten an der Landwirtschaft, dem Gaardebau oder Geméisbau opzeriichten. Fir Leit, déi an der Gréngzon schaffen, mee kee Vollerwerbsbetrib hunn, ass dëst eng bedeitend Ännerung, déi hir Aarbecht sécherlech erliichtere kann. Et ass och e wichtege Schratt fir méi Diversifikatioun.
Mat der Gesetzesännerung hu mir nach weider Flexibilitéite par rapport zu Gebaier an der Gréngzon agefouert: mam neien Text kënne Leit, déi hiren Haaptwunnsëtz an der Gréngzon hunn, hir Wunneng rëm opriichten, wa se duerch e cas de force majeure zerstéiert oder beschiedegt gouf. An Zukunft wäert et och méiglech sinn, eng Autorisatioun ze kréien, fir Gebaier an der Gréngzon vu baussen ze renovéieren.
François Benoy
Deputéierten déi gréng
Rapporter vum iwwerschafften Naturschutzgesetz
Vizepresident vun der Landwirtschaftskommissioun
President vun der Ëmweltkommissioun
(Verëffentlecht fir t’éischt den 3. Mäerz 2022 am Allianz-Info)