Madamm Buergermeeschter,
Dir Damen an Hären aus dem Schäfferot,
Kollegen aus dem Gemengerot,
Mir hunn also hei den éischte „richtege“ Budget vun der neier Majoritéit, wéi et ënner anerem vum Finanzschäffen an der Kommissioun an elo grad vum CSV-Fraktiounschef gesot.
De Budget 2019 huet awer eng grouss Gemeinsamkeet mam Budget 2018, nämlech dass een grad esou ewéi den sougenannten „Iwwergangsbudget“ keng kloer Prioritéiten setzt, fir d’Problemer mat deene mir konfrontéiert sinn, unzegoen.
D’Majoritéit gëtt sech domat zefridden fir ze „verwalten“. Wou sinn déi grouss nei Prioritéiten vum Schäfferot? Mir erkennen vläit e puer léif Initiativen, ewéi zum Beispill de neien iwwerdeckten Chrëschtmaart op der Theaterplaz déi de Maurice Bauer grad genannt huet, mee Grousses kenne mir net fannen…
Wéi kann d’Stad e Virreider a Saachen Klimaschutz ginn wann den Ëmweltaktiounsplang am ënneschten Tirang verluer geet?
Wéi kennen sécher Vëlosweeër a lieweg Quartieren a Plazen mat Leit déi sech begéinen entstoen, wann bei all Geleeënheet betount gëtt, dass den Auto keng Plaz ewechgeholl kritt?
Wéi kennen sozial Ongläichheeten, déi d’Kanner vun doheem mat bréngen redresséieren ginn, wann een offen zougëtt, dass „an de schwaache Schoulen néierens genuch (gemaach gëtt)“ an daat awer hinhëlt an e wichtege Projet, deen och am Koalitiounsaccord steet, nämlech d’Ganzdagsschoul, einfach fale léisst?
A wéi kann een e super Projet ewéi den Hariko einfach aus der Stad goe loossen?
Richtungsweisend Projeten fir ons Stad, bei deenen et am leschte Joer virugaangen ass, ewéi z.B. den Tram mat de gesécherte Vëlospisten laanscht d’Schinnen, dem elektresche Velo’h, deen d’läscht Woch ageweit gouf oder nach de Baugruppeprojet gi nach op de leschte Schäfferot zeréck. Wat ass soss geschitt a wat sinn Är Ideeen a Visiounen fir eng liewenswäert Stad fir seng Awunner a Visiteuren Haut a Muer an Zäiten wou d’Populatioun wiisst, zum Deel awer op der Streck bleift a mir vru groussen Ëmweltproblemer stinn?
Digitaliséierung ass um Beispill e Schlagwuert wat den Här Finanzschäffen an och d’Rapportrice genannt huet, ouni et awer mat Liewen ze fëllen. Et gouf mat e puer Mesuren a Verbindung bruecht ewéi zum Beispill der Onlineaschreiwung am Conservatoire. Mee wat ass d’Ziel an dat globaalt transversaalt Konzept fir mat der Digitalisatioun an der Stad ëmzegoen? Wéi positionéiere mir ons zum Beispill par Rapport zum 5G, wou et bekanntlech och ganz kritesch Stëmmen ginn…
Di héich Investitiounspolitik fir d’Infrastrukturen an der Stad op engem héije Niveau ze halen ass natierlech grondleeënd a gëtt jo och vum ganze Gemengerot ënnerstëtzt. Mee doriwwer eraus erwaarde mir ons innovativ Initiativen an alle Kompetenzberäicher, déi enger Stad am 21. Joerhonnert gerecht ginn.
Bei der Presentatioun vum Budget 2019 am leschte Gemengerot hu mir d’Visioun vun der Stad vu Muer weder bei der Interventioun vun der Buergermeeschtesch, nach dem Finanzschäffen an och net bei der Budgetsrapportrice erkannt. D’Héloise Bock werft e puer interessant Ideeen op – ech kommen drop zereck – ma de Rapport ass vrun allem eng onpolitesch Oplëschtung vu Projeten aus dem Budget.
Wou sinn di wierklech nei Initiativen vun der Majoritéit? Wou sinn di nei Efforten? Mir sti vru groussen Erausfuerderungen an alle Beräicher a brauche nieft den Investitiounen an d’Infrastruktur och eng proaktiv Logements- a Sozialpolitik, eng éiergäizeg Ëmwelt- a Klimapolitik an eng Schoulpolitik déi der Heterogenitéit vun onser Populatioun gerecht gëtt. Wou bleiwen an enger Stad wou just eng Minoritéit vun de Bierger bei de Wahlen matmaachen d’Biergerbedeelegungsprojeten fir dass méi Leit deelhuelen?
Fir d’nächst Joer huet de Schäfferot ons also e Budget virgeluecht, dee vun engem Defizit vu 53,5 Milliounen Euro ausgeet, deen op di héich ausseruerdentlech Depensen zeréckzeféieren ass. De Finanzschäffen an och den CSV-Fraktiounschef huet grad vun engem neie Rekord vun Investitioune geschwat, well et nach ni esou een héije Montant op deem Poste ginn hätt. Ech well d’Euphorie ronderëm déi vermeintlecht Rekordinvestitionunen awer relativéieren, well mir wësse jo, dass de Budget daat eent ass, daat waat duerno awer tatsächlech gemaach gett, dat anert – an dat ass jo och, wéi mir all wëssen, normal. Och beim Budget 2017 war en Defizit virgesinn, deen och op di héich ausseruerdentlech Depensen zeréckzeféieren war. De Kont vun 2017 huet duerno e Boni ausgewisen.
An enger Stad wou souwuel d’Populatioun wéi och d’Aarbechtsplazen wuessen, sinn d’urbanistesch Erausfuerderungen enorm; sief et a Punkto Logement, Mobilitéit oder Erhuelungsraim, d’Gréngflächen…
Gëschter koum eréischt d’Nouvelle, dass enger neier Etüd vum internationale Fuerschungsconsortium “Global Carbon Project” de weltwäiten CO2-Ausstouss e neie Rekord erreechen wäert. Deemno géifen d’Emissiounen dëst Joer am Verglach zu 2017, ëm bal 3% klammen. D’Konsequenzen erliewe mir och zu Lëtzebuerg: eng laang Hetzt an Drëschend am Summer a sporadesch massive Reen… Mir brauchen natierlech technesch Léisungen wéi zum Beispill Retentioun, mee frun allem musse mir de Problem awer un der Wuerzel upacken a genau dofir hu mir jo an der Stad vru Joren een Instrument geschaaft, nämlech den Ëmweltaktiounsplang, deen transversal, duerch all di verschidde Politikberäicher Problemer identifizéieren, dann eng 160 Aktiounen virgesäit an och de Suivie dovun garantéiert. Mee déi leschte Kéier wou mir hei am Haus vum Ëmweltaktiounsplang, deem jo och de Klimapakt ënnerläit, héieren hunn war genau vrun engem Joer, wéi mir an de Budgetsdebatten op d’Wichtegkeet vun deem Instrument higewisen hunn. Et wär och fatal, wann d’Gemeng elo am Beräich Emwelt- a Klimaschutz géif op der Plaz stoe bleiwen. Dir wësst et ass 1 Minutt vrun 12 an d’Gemengen sinn e ganz wichtegen Acteur an dësem Beräich an hunn hir Hausaufgaben ze maachen. Aktuell sti mir bei am Klimapakt bei denger Zertifizéierung bei knapp 55%, woumatt mir am Mëttelfeld leien, woubäi d’Haaptstad jo awer un d’Spëtzt vum Land gehéiert, oder mengt Dir net, Här Ëmweltschäffen? Di zweete Stad vum Land Esch läit bei knapp iwwer 75% an domat un der Spëtzt. D’Stad Lëtzebuerg huet zum Beispill nach e grousst Potential fir hir eege Gebaier ze sanéieren, fir just ee Beispill ze fannen; mee meng Kollegin d’Claudie Reyland wäert duerno nach am Detail op dëse Sujet agoen.
D’Stad Lëtzebuerg huet elo eng enorm Chance fir e neie, richtege Virreider-Quartier op der Areler Strooss um Site vum Stadion, der Hygiène an der Pompjeescasère ze schafen. Op deem Terrain vun 8-10 ha kann d’Gemeng jee no Densitéit 750 bis 1000 Wunnengen schafen. Wéi een et aus dem Budget liese kann a mir et an der Kommissioun gewuer gi sinn, soll am Fréijoer e groussen Concours lancéiert ginn. Waat sinn d’Zieler vun der Gemeng? Wourëms geet et genau bei dësem Concours? Wat sinn d’Virgaben fir d’Bureau’en? Mir fannen dass bei esou engem wichtege Projet de Gemengerot muss informéiert an agebonne ginn. An de leschte Joren war d’Stad Lëtzebuerg e Virreider a Punkto Biergerbedeelegung. Bei engem Projet vun dëser Envergure, fanne mir dass onbedéngt eng konsequent Biergerbedeelegung mat allen Acteuren, dat heescht potentielle Bewunner a Visiteuren, Noperen a Leit aus de Quartieren ronderëm, Experten vum Fach an d’Zivilgesellschaft, wärend dem ganze Ausaarbechtungs- an Emsetzungprozess, muss organiséiert ginn. Esou kann en wierklech liewege Quartier, deen de Besoinen vun allen Acteuren entsprécht an dann och acceptéiert gett, entstoen. D’Baggere kenne fréistens 2021, wa net ereischt 2022 op d’Areler Strooss kommen, d’Zäit ass also do. D’Motivatioun vun de Bierger och, wéi de Workshop „Areler Strooss 2025“ dee mir am Juli um Belair organiséiert hunn gewissen huet, a bei deem 60 Leit matgemaach hunn. D’Bierger hu super Ideeen fir dee neie Quartier, wéi d’Madamm Buergermeeschter och weess, där mir eng Kopie vun de Conclusiounen iwwerreecht hunn. Ech hunn elo hei och Copien fir di aaner Fraktiounen derbäi. Mir warnen wierklech dovun fir keng oder just eng Alibi-Biergerbedeelegung ze maachen oder einfach e 0815-Projet aus dem Buedem ze stampfen. Et geet hei em 8 ha a Gemengenhand an deemno hu mir d’Méiglechkeet e wierklech innovative Projet, zesumme mat de Bierger, den Experten aus dem Fach an der Zivilgesellschaft aus onser Stad ze maachen.
En anere ganz wichtegen urbanistesche Projet, wou och Suen fir weider Studien budgetiséiert sinn ass d’Porte de Hollerich. Och hei ass e groussen Deel vun de Parzellen a Gemengenhand an also kann d’Stad Lëtzebuerg do massiv Wunnraum schafen. Kennt Dir ons weg. iwwert de neiste Stand vun den Entwécklungen informéieren? A wat sinn Är Iwwerleeungen zum Site vum Schluechthaus zu Hollerech? Dat wär eng perfekt Plaz fir e kreativen Hub mat allem “Drum und Dran” ze schafen, natierlech an Zesummenaarbecht mat de Leit aus dem Quartier.
Duerch déi nei Mesure aus dem Omnibus-Gesetz vum Hierscht zejoert, huet de Schäfferot méi dacks d’Méiglechkeet ergraff, fir vu sengem Virkafsrecht gebrauch ze maachen fir Terrainen ze kafen. Mir fannen dat eng gutt Saach, mee froen ons wéi d’Strategie derhannert ausgesäit. No wat fir engem Kritär decidéiert d’Gemeng fir vu sengem Virkafsrecht gebrauch ze maachen? Wéi dacks hutt Dir, respektiv hutt Dir net dovu gebrauch gemaach? Wat soll op deene Parzellen entstoen wëssend, dass een jo just Constructiounen déi ënnert d’Aide au logements-Gesetz falen, op deene Flächen ka bauen?
E ganz innovative Projet deen d’Stad Lëtzebuerg an der leschter Legislaturperiode lancéiert huet war den Habitat participatif, wou Baugruppen Gemengenterrainen ofkafen, respektiv iwwer Ierfpacht zur Verfügung gestalt kréien. Net nëmmen schaaft d’Gemeng sou Wunnraum, ma et gëtt duerch di flott Projeten och eng Plus-value fir de Quartier a Baulücken kennen genotzt ginn. Ugangs vum leschte Joer huet d’Gemeng vu 7 flotte Kandidaturen zwee Projeten erausgesicht, déi entre temps an der Ëmsetzung sinn. D’Interessi an de Besoin fir Baugruppen sinn do. Dir hudd mir als Äntwert op meng Fro un de Schäfferot am Juli gesot, Dir géift mam Projet weidermaachen. Wéini maacht Dir dann nächsten Appel un Baugruppen? Wéivill Terrainen hutt Dir dofir scho identifizéiert? Et wär schued, wann hei wieder Zäit géif verluer goen, wou och Baugruppen kéinten hir Projeten ëmsetzen an esou Wunnraum géif entstoen.
Donieft muss d’Stad Lëtzebuerg awer och den Hiewel beim Mobiliséieren vu Wunnraum usetzen. Iwwert d’Agence immobilière sociale konnten an der Stad bis d’läscht Joer 300 Wunnengen vermëttelt ginn an hei ass bekanntlech nach vill Potential. Kennt Dir ons weg. nei Chiffere ginn? Mir fannen, dass een d’Zesummenaarbecht mat der AIS soll ausbauen, fir dass méi Wunnenge op de Marché kommen.
Wéinst der grousser Erausfuerderung am Beräich Logement an och dem wichtege Rôle vun der Gemeng froe mir ons, ob een sech net en “Tool” ewéi een Aktiounsplang Logement misst ginn, fir den Iwwerbléck an de Suivie vun alle Mesuren kennen besser ze maachen.
Zu enger Haaptstad mat ville geschäftlechen oder touristeschen Visiteuren, gehéiert natierlech och eng ausgebauten Hotellerie. A grad hei schéngt et ons ewéi wann et am mëttlere Segment géif un Offer feelen. Et gi Wochen wou e keng Zëmmeren an der Stad fënnt. Och d’Jugendherberg ass dacks ausgebucht, sou dass mir ons froen, ob een net iwwert eng zweet Jugendherberg misst nodenken? Airbnbass e weidere Problem, net nëmme wéinst der Konkurrenz fir d’Hotellerie, mee well dat den Drock um Wunnengsmaart weider verschäerft. Mir fannen et sollt een sech emol méi grondleeënd mat dësem Sujet beschäftegen, zum Beispill mat enger Etude an / oder engem Ronnen Dësch mat allen Acteuren.
Eng weider grouss Erausfuerderung vun onser Stad ass d’Mobilitéit. Den Tram ass op der Schinn a mëttlerweil brauche mir gréng ons jo och net méi fir dëst Verkéiersmëttel ze streiden, well jiddereen de Notzen fir ons Stad erkannt huet. Weidert Verbesserungspotential, an d’Rapportrice Héloise Bock huet et och gesot, hu mir nach bei der Vëlosinfrastruktur. Mir wëssen dass de Gros vun den Deplacementer an enger Stad kleng Distanze sinn an et also kee besser Verkéiersmëttel dofir gëtt ewéi de Vëlo. Mee fir d’Leit op de Vëlo ze kréien, brauch een sécher a confortabel Vëlosweeër.
Wann an de leschte Jore vill geschitt ass, sou huet déi nei Majoritéit, sauf erreur de ma part, just e neie Vëloswee an de Conseil bruecht, nämlech de Contre-sens um Rousegäertchen an d’Idee vun eng nei Velospist fir d’Halschent vun der Aler Avenue lancéiert. Konkret um Terrain, ass bis ewell awer nach näischt geschitt. Och d’Idee vum Héloise Bock fir d’Gare mat enger Bréck mam Cents ze verbannen ass interessant an sollt een opjidderfall studéieren, mee vrun allem wär et awer un der Zäit dass de Schäfferot Kloertext a Punkto Vëlo- a Foussgängerbréck Cents-Neiduerf-Kierchbierg géif schwätzen, wou bekanntlech scho opmannst dräi verschidde Pläng am Tirang leien. Dee Projet ass extrem wichteg, well 3 Quartieren esou gutt uneneen ugebonne ginn.
Am Mee hu mir als gréng och ganz konkret Propose gemaach, wéi een d’Quartieren mat gudde Vëlosweeër un di sécher Piste laanscht den Tram kann ubannen, ma geschitt ass näischt. Dat neit Vëlosgesetz wat entre temps schonn een halleft Joer a Kraaft ass, gëtt do ganz nei Méiglechkeeten, zum Beispill d’Vëlosstrooss, wou de Cyclist absolut Prioritéit huet an den Auto muss hannert em bleiwen an en esou geschützt ass.
Mir gesi jo alleguer, dass ëmmer méi Leit de Vëlo huelen. Dobäi kommen nach d’Segway’en, d’Trottinetten, de neien Elektresche Vëlo’en asw… All di Leit hätte gäre sécher Vëlosweeër an wäerten, op dat ons passt oder net och d’Trottoire notzen wa keng ugepassten Vëlosinfrastruktur do ass. Konflikter mat de Foussgänger an den Automobilisten gi net manner; dofir notzt di gesetzlech Méiglechkeeten a baut uerdentlech Vëlosinfrastrukturen – Dir hutt ons voll a ganz Ënnerstëtzung.
De Stroosseraum ass begrenzt an et muss een dofir kloer Prioritéite fir den ëffentlechen Transport, de Vëlo an de Foussgänger setzen. Et ass dofir och de falsche Message de neie Parking um Aldringen méi bëlleg ze maachen, well dat zitt méi Autoen an d’Uewerstad, wou et scho méi steet ewéi rullt.
An deem Kontext wollte mir och froen, wou Dir mat Äre Reflexiounen zum Iwwerschaffe vum Parking Residentiell an der Vignette dru sidd, wat sécher och e gudden Outil ass fir den Autosverkéier an der Stad ze reduzéieren.
Och de Stater Carsharing Carloh ass e wichtegen Outil fir manner Trafic an der Stad ze hunn. Studie beleeën dass 1 Carsharing Auto, 10 privat Autoen ersetze kann. Obwuel de Carloh scho e puer Joer existéiert an och genotzt gëtt, ass awer nach vill Potential do. Zilgruppen wéi zum Beispill Jonker déi grad de Führerschäin gemaach hunn oder nei Awunner an der Stad sollen identifizéiert a gezielt ugeschwat ginn.
Ech kommen zum Schluss vun menger Interventioun. Meng Kolleginnen Claudie Reyland a Christa Brömmel wäerten duerno awer nach eng Rei Sujete verdéiwen a Froen opwerfen. D’Claudie schwätzt iwwer Ëmwelt, Kultur a Chancëgläichheet an d’Christa iwwer Soziales, Integratioun a Solidaritéit.
Wéi Dir awer schon aus menger Interventioun eraushéiere kennt, kennen déi gréng de Budget 2019 net mat droen, well mir ons net dran erëmfannen an och net erkennen, dass Klima- an Ëmweltschutz, d’Douce Mobilitéit, Biergerbedeelegung, eng innovativ Wunnengspolitik, Chancëgläichheet an aner fir ons wichteg Sujeten op déi mir och an dësen Debatten aginn zur Prioritéit vum Schäfferot gehéiert. Et ass kee Budget, deen d’Weichen nohalteg a Richtung vun enger méi liewenswäerter Stad fir all d’Awunner a Besicher stellt.
Wéi ech der Buergermeeschtesch an der Generalsekretärin och scho vru Wochen matgedeelt hunn, muss ech mech leider fir de nächste Freideg, daat heescht fir Ären Äntwerten, entschëllegen. Wéi Dir Iech vlait erënnert, war déi Sitzung um Planning dee mir kruten fir e Méindeg virgesinn a gouf spéider geréckelt. Mee glécklecherweis gëtt de ganze Gemengerot jo opgeholl an deemno wäert ech näischt verpassen a si natierlech gespaant op Är Äntwerten op meng Froen.
Ech wollt dann awer just nachemol rappelléieren wat hei ëmmer erëm gesot gëtt, nämlech dass et immens schued ass, dass mir d’Rapporten vun de Servicer eréischt d’Woch vrun de Budgetsdebatten kréien, obwuel se jo sécher och scho Mëtt des Jores fäerdeg sinn. Wär et weg. méiglech déi am September, also direkt no der Summerpaus, ze kréien? Mir wäerten dem Gemengerot an deem Sënn eng Motioun proposéieren.
Ech well awer och nach e puer Mercie lassginn, éischten un den Thierry Kuffer fir seng laang Aarbecht als Finanzdirekter, e Merci un all d’Servicer fir di praktesch Aarbecht zur Elaboratioun vum Budget, e Merci un d’Rapportrice vum Budget d’Héloise Bock an Iech alleguer fir d’Nolauschteren!
François Benoy, Gemengerot Stad Lëtzebuerg, 07.12.2018