Positiv an d’Zukunft goen

Stéphanie Empain a François Benoy, Parteipresidente vun déi gréng

Tribune libre vum 21/10 (RTL) an 23/10 (100,7)

Wann een esou e wichtegt Amt unhëlt da stellt een sech virdrun d’Fro: Firwat  mécht een dat? Firwat geet een deen Engagement an?

Ons ass wichteg, dass den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft gestäerkt gëtt an dass all Mënsch déi selwecht Chancen huet am Liewen. Dat bedeit dass mir eis fir eng Politik asetzen, déi sécherstellt, dass och déi méi Schwaach an der Gesellschaft gehéiert ginn. Et bedeit och, dass mir asti fir e respektvollen Ëmgang mateneen. An et bedeit, dass mir an ons Kanner a Kandskanner och nach an de nächste Joer gutt hei liewe kennen.

E gutt Zesummeliewen, och fir déi kommend Generatiounen, setzt viraus, dass mir déi laangfristeg Interesse vun eiser Gesellschaft ëmmer mussen am Bléck behalen. Eisen Engagement fousst och dorop, dass mir eben net nokucke wëllen, wa Politik just kuerzfristeg geduecht ass a just fir déi gemaach gëtt, déi souwisou schonn méi wéi genuch hunn. Mir wëllen zum Beispill net tatenlos nokucken, wann des Regierung just de Multipropriétairen a Promoteure Steierkaddoen gëtt.

Mir wëllen eis Ëmwelt an eist d’Klima erhalen. Net just well mir se schéin fannen, mee well mir se brauchen als Mënschen fir gutt ze liewen a well mir de nächsten Generatiounen gär d’Chance op dat selwecht liewenswäert Liewen ginn. D’Politik muss de Kader esou setzen, dass jiddereen ëmweltfrëndlech liewe kann. Dofir ass et och di falsch Entscheedung wann d’Regierung d’Prime fir d’Elektroautoen an d’Fotovoltaikanlagen ëm iwwer d’Hallschent erofsetzt.

A bei Allem wat grad esou an der Welt geschitt vu Konflikter a Krisen ass et eis wichteg eis Demokratie ze verdeedegen, well se am Moment vun alle Säiten, online wéi offline, attackéiert gëtt. Eis Erausfuerderunge kréie mir net gemeeschtert, wa versicht gëtt matt Ressentimenter géint méi schwaach Gesellschaftsgruppen ze punkten. Angscht schueren an d’Gesellschaft splécken ass keng Léisung. Eisen Engagement baséiert och dorop, dass mir dervun iwwerzeegt sinn, dass et grad déi positiv Approche ass, déi eis als Gesellschaft ka weiderbréngen, amplaz a Mechanismen aus den 30er Joren zréckzefalen.

Mir liewe grad an enger Zäit mat immens villen Erausfuerderungen, déi ons all heiansdo iwwerfuerdere kënnen. Awer mat Angscht oder Spaltung léisst ee keng Problemer.

Mir wëlle zesummen mat Iech Äntwerte sichen an eng positiv Visioun vun der Zukunft zeechnen – an dat geet nëmmen duerch eng méi gerecht, eng méi ökologesch a méi inklusiv Politik.