System Meisch um Beispill Handyverbuet

Dem Educatiounsminister säin Ëmgang mam Handyverbuet riskéiert onse Schoulsystem weider ze zersplitteren

 „Mir hunn zwar e Problem, mee e Verbuet ass awer net déi richteg Léisung.“ Dee Saz hunn ech, als Grénge schonn dacks vu politesche Géigner dohi geplättelt kritt, meeschtens, wann et ëm Ëmwelt- a Klimapolitik goung. A meeschtens ouni dass mäi Vis-à-vis mir aner konkret Léisungen proposéiert hätt.

Haut befaassen ech mech awer gär mat engem anere Verbuet, nämlech dem Handyverbuet an de Schoulen, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch et elo ugekënnegt huet an deen dës Woch och Sujet an der Chamber ass. Wat ass hei de Problem? A kréie mir e mat engem Verbuet geléist?

Mir erliewen et alleguerten am Alldag, bei ons selwer, an der Famille, bei Frënn, op der Aarbecht… an d‘Wëssenschaft confirméiert ons et. Den exzessive Bildschiermkonsum ass net gutt an huet, grad fir ons Kanner ganz negativ Konsequenzen. Sief et fir hiert Sozialverhalen, fir hir Opmierksamkeetsfäegkeet, oder och fir hir physesch Gesondheet. Dofir ënnerstëtze mir gréng grondsätzlech den Handyverbuet an der Grondschoul.

Am Lycée awer ginn d’Kanner lues a lues zu jonken Erwuessenen, déi e souveränen Ëmgank mat digitale Medie musse léieren. Fir dass si di digital Méiglechkeete besser kennen notze wéi vill Erwuessener Haut. A fir dass si och staark genuch sinn, fir den Handy mol op d‘Säit ze leen. Dofir si mir gréng éischter géint e generellt Handyverbuet am Lycée a fir e progressiven, altersgerechten Iwwergank vun engem Verbuet, zu méi flexibele Reegelen.

Amplaz wéi de Minister Meisch, d’Responsabilitéit op déi eenzel Lycéeën ze drécken, hätte mir et besser fonnt, de Lycéeën an der ganzer Schoulcommunautéit vu vir era kloer Consignë mat op de Wee ze ginn. Zum Beispill a Form vun engem altersgerechte Stufemodell fir d’ganzt Land, mat punktuelle Gestaltungsfräiräim fir d‘Schoulen. Andeems de Minister dës Verantwortung net iwwerholl huet, riskéiert et alt nees zu enger weiderer Zersplitterung vun onser Bildungslandschaft ze kommen.

Mir hunn als Gréng d‘Moderniséierungsprojeten vun der Bildungslandschaft an de läscht Joren matgedroen, mee och gesot dass d’Kohärenz vum Schoulsystem net däerf aus dem Rudder lafen.  Komme mir wierklech virun a Richtung Chancëgerechtegkeet? Stousse mir u Grenze bei der Komplexitéit vun onsem Schoulsystem? Dat si Froen, déi mir ons an de nächste Joeren musse stellen a se ugoen.

Zeréck awer zu menger Ausgangsfro: kréie mir den Handyproblem mat engem renge Verbuet geléist? Éischter net, soe mir. Well et och hei ëm e méi grousse Problem geet, deen net just d’Kanner an di Jonk, mee och di Erwuesse concernéiert, an d’Fro, wéi mir als Gesellschaft mat der Digitaliséierung ëmginn.

François Benoy, Parteipresident déi gréng

Tribune libre: den 2/12 kuerz no 13:00 op RTL an den 4/12 ëm 12:50 um 100,7